Skip to content

Walprogramm 2023

MOBILITÉIT / NOHALTEGE WUESSTUM

ËMWELT / SOZIAALT ZESUMMENLIEWEN

Vu Jonk Bis al / integratioun

Mir 5 Kandidatinnen a 6 Kandidaten op der CSV Lëscht fir d‘Gemengewalen breeden de Walprogramm vir.

Fir sech am Detail iwwert d‘Entwécklung vun eisem Duerf ze informéieren, ass eis Equipe als Éischt am Duerf an am Industriegebitt ënnerwee gewiescht.

Niewent ville Gespréicher souze mir och wärend 3 Themenowenter zesummen, fir eis Iddien, an Ureegungen vu Biisser Bierger, déi un eis erugedroe goufen, ze thematiséieren. Des Owenter ware besonnesch fruchtbar an hunn eis interessant Abléck ginn.

Den Ament brénge mir 11 eis Erkenntnisser op Pabeier a freeën eis, iech Wielerinnen a Wieler an e puer Wochen eise Programm virzestellen.”

Maria Barros, Véronique Piette, Joëlle Fagny, Lena Ehmann, Tânia Rei, Christian Hoscheid, Frank Clement, Carlo Mulbach, Patrick Sibilio, Jean Vanek, Mike Graas

Mir sinn een Team aus 5 staarke Fraen, mat verschiddene Charakteren an verschiddenen Interesse, awer zesumme wëlle mir dat selwecht: Do sinn fir d’Biisser Leit, Prett fir Jiddereen