Conseiller, 44 Joer, Economiste
Carlo MULBACH
Mat Häerz a Séil fir Biissen :
Als begeeschterten Notzer vum ëffentlechen Transport weess ech, wou d’Probleemer leien. Entspriechend maachen ech mech staark fir méi pünktlech Busverbindungen, fir zousätzlech Busverbindungen op Réiden, a fir d’Aféiere vun engem Ruffbus zu Biissen.
Ech engagéiere mech fir e gelongene Mix an der Kommunikatioun, déi souwuel déi Jonk ewéi och déi méi eeler Matbierger erreecht.
A menger Funktioun als Chef d’Equipe an enger staatlecher Verwaltung wëll ech mäi Wësse fir eng modern an transparent Verwaltung asetzen, wou de Matbierger am Mëttelpunkt steet. Awer och déi nei Reegelungen vun de Gesetzer iwwer den Dateschutz, d’IT Sécherheet an den elektroneschen Archivage mussen endlech konsequent ëmgesat ginn.
Gesond Gemengefinanze sinn eng Viraussetzung fir Investitiounen an eis Infrastrukturen. Dofir sollen all Ausgabe vun eiser Gemeng reegelméisseg op de Leescht geholl ginn.
Conseiller, 53 Joer, Chef de Centre financier
Christian HOSCHEID
Mat Häerz a Séil fir Biissen :
Biissen 2030 ass kee Schlagwuert mee eng Aufgab, där mir eis stellen. Mir hunn e Plang mat konkreten Iddie fir d’Zukunft. Et ass e Plang mat realistesche Virstellungen a Virschléi.
Meng Prioritéite sinn eng Gemeng mat Liewes- a Wunnqualitéit, staarke Veräiner a kultureller Diversitéit wou Mobilitéit an eng responsabel Energie- a Klimapolitik net däerfen ze kuerz kommen.
Perséinlech ass et mir wichteg Prioritéiten se setzen, d’Gemeng Biissen fir d’Zukunft ze preparéieren an d’Finanzen an engem gesonden Equiliber ze halen.
Conseillère, 45 Joer, Educatrice diplômée
Joëlle FAGNY KRAUS
Mat Häerz a Séil fir Biissen :
Politesch interesséieren ech mech fir Kanner – Jugend a Schoul, mir als Gemeng solle méi op d’Interesse vun eise jonke Biergerinnen a Bierger agoen.
Och soll schnell den Dossier Betreiung vun eise Klengsten ëmgesat ginn, well et ass eng Noutwendegkeet fir déi vill jonk Familljen déi hei zu Biissen wunnen.
Ech well weider aktiv fir den 3. Alter do sinn, dat mécht mer vill Freed.
Themen wéi Ëmwelt a Sécherheet am Verkéier, besonnesch fir Vëlosfuerer a Foussgänger, sollen an eise Prioritéiten di nächst Joren nitt feelen.
66 Joer, Retraité
Frank CLEMENT
Mat Häerz a Séil fir Biissen :
Wichteg ass mir e schéint a gefleegt Duerf, an deem et flott liewen ass, mat Plaze fir ze entspanen, sech ze treffen, sech auszetauschen.
Nohuelbedarf gëtt et an der Unzuel vu Plazen an der Crèche, an och eis Schoul a Maison Relais muss dem Wuesstem vun eiser Gemeng di nächst Jore gerecht ginn.
Mir hunn eis eegen Drénkwaasserquellen déi solle mer schützen, an och den Héichwaasser- respektiv Starkreenschutz ass ëmzesetzen, grad esou wéi eng Verkéiersberouegung fir eist Duerf.
Fir mech sollen de Wuesstem, d’Ëmwelt an d’Duerfgestaltung zesumme mat enger gesonder Finanzgestioun di nächst Joren eng prioritär Roll spillen.
51 Joer, Employée privée
Maria BARROS
Mat Häerz a Séil fir Biissen :
Wichteg si mer d’Integratioun vun alle Matbierger, fir dat si sech wuelfillen an eiser Mëtt, och fir Persoune mat Probleemer an der Mobilitéit kann nach villes verbessert gi fir sech sécher a bequeem am Duerf vun engem Punkt zum Aneren ze beweegen. De klenge Commerce soll erhale respektiv ausgebaut ginn.
Ëmmer méi Ufuerderunge koumen di lescht Joren un d’Gemeng am Beräich Schoul an Opfangstrukturen, ech well mat dozou bäidroe fir beschtméiglech Infrastrukturen an eisem Duerf ze schafe fir datt eis Kanner a Jugendlech sech gutt ënnerstëtzt um Wee zum Erwuessene gi fillen.
Kultur ass e wichtege Bestanddeel vun eisem Liewen. Dofir well ech mech fir d’Erhale an d’Opwärtung vum kulturellen Patrimoine asetzen.
28 Joer, Chef d‘agence
Ech sinn Tânia Rei
Meng Härzensthemen sinn Mobilitéit an Ëmwelt. Ech si vill mam Fotoapparat ënnerwee am Duerf a mache mer meng Ideeën wéi een eist Duerf kéint, net nëmmen verschéineren, mee och duerch verschidde Moossnahmen, Punkto Mobiliéit an Sëcherheet, verbesseren.
Duerch meng Aarbecht hun ech och ee gutt Gespier fir Finanzen, dëst Wëssen well ech an der Gemeng abréngen a neie Matbierger hëllefen sëch hei am Duerf ze integréieren.
40 Joer Artisan
Mike GRAAS
Mat Häerz a Séil fir Biissen :
Ech well mech am Urbanismus a fir e nohaltegt Bauen an eiser Gemeng asetzen, verbonne mat verschiddene Fräiheete beim Ëmsetze statt verbidden, natierlech am Respekt mat de Reegelen.
En harmoneschen a sécheren Duerfkär, mat Park a Spillplazen, wou ee gäre mat der Famill hi geet. Wunnengen a kleng Geschäfter respektiv Betriber am Duerf brénge Liewen, an deem Sënn soll och d’Jugendhaus an d’Veräiner ënnerstëtzt ginn.
Kulturell Manifestatioune fir all Alter sollen an eiser Gemeng hir Plaz hunn, an Traditioune sollen erhalen, respektiv erëm opgeholl ginn.
19 Joer, Etudiante
Lena EHMANN
Ech well eiser Gem
eng frësch Iddie bréngen, an der Jugend eng Stëmm ginn.
54 Joer, Employée publique
Véronique PIETTE
Mat Häerz a Séil fir Biissen :
Mech am soziale Beräich asetzen, souwuel bei de Kanner, ewéi der Jugend an den eelere Matbierger. Einfach een oppent Ouer fir déi Biisser Leit hunn, a no beim Bierger sinn.
De Beräich Kultur fir jiddereen, soll am Duerf seng Plaz fannen.
Di nächst Joren, well ech wichteg Akzenter an der Fräizäit Gestalltung, der Schoul, dem Sport, an awer och beim Schutz vu Natur an Ëmwelt, setzen.
54 Joer, Fonctionnaire
Jang VANEK
Meng Liewensdevise ass:
wien kämpft ka verléieren, wie net kämpft huet scho verluer.
Mat Häerz a Séil fir Biissen :
Ech si sozial engagéiert duerch meng aktiv Bedeelegung bei “Les Tandems de la Vue”, enger Asbl, déi d’ganzt Joer sportlech Aktivitéiten an haaptsächlech Velos-Touren um Tandem mat blannen oder sehbehënnerte Leit organiséiert.
Wichteg Sujet’en, fir déi ech mech och well politesch engagéieren sinn:
Ëmwelt, Intégratioun an Inclusioun, natiirlech Sport fir Jonk an Aal, fir Kleng a Grouss, fir Déck an Dënn.
Duerch meng Stärkt “gudd nolauschteren ze kennen”, erhoffen ech mir op de Biisser Leit hir Suergen a Wënsch politesch Léisungen kënnen ze fannen.
49 Joer, Informaticien
Patrick SIBILIO
Wichteg si mer eng Gemeng déi gutt informatesch opgestallt ass. An dësem Beräich kann ech meng Erfarung asetzen, well ech fir verschidde Gemengen am Beräich Digitaliséierung schaffen. Sief et an der Sécherheet, dem Archivage électronique oder d’Begleedung vu Schoulkanner am Internet a sozial Medien.
D’Informatioun vun alle Bierger ass mer wichteg, net nëmmen iwwer sozial Medien, well wichteg Matdeelunge solle jiddereen erreechen. An deem Beräich well ech mech verstäerkt asetzen.
Di lescht Joren huet d’Aarbecht an der Eventkommissioun an an der Integratiounskommissioun mer vill Freed bereet an ech konnt Erfarungen an dëse Beräicher sammelen.