CSV Biissen – Verstäerkung am Gemengerot
D’CSV Biissen freet sech matzedeelen, datt Frank Clement offiziell als Nofollger vum Carlo Mulbach an de Gemengerot vun der Gemeng Biissen opgeholl gouf.
Mat sengem Engagement, senger Motivatioun an senger Noperschaft zu de Bierger wäert hien d’CSV-Ekipp am Gemengerot weider stäerken.
Mir soen dem Carlo Mulbach e grousse Merci fir säin Asaz a seng wäertvoll Aarbecht fir d’Gemeng.
Mir wënschen dem Frank Clement vill Erfolleg a vill Freed bei senger neier Missioun am Déngscht vun de Bierger vu Biissen!