Den 25. Juni 2025 huet d’CSV Sektioun Biissen op en gemittlechen After Work beim Frounert agelueden. Vill Membere, Frënn a Sympathisanten sinn der Invitatioun nogaangen a hunn zesummen e flotte Summerowend verbruecht.
Bei leckeren Antipasti an engem Glas Wäin ass an enger entspaanter Atmosphär vill geschwat, gelaacht an diskutéiert ginn. D’Evenement war eng schéin Geleeënheet fir sech auszetauschen, nei Kontakter ze knäppen an déi gutt Zesummenaarbecht an der Sektioun weider ze stäerken.
D’CSV Biissen seet villmools Merci un all déi dobäi waren an zum Erfolleg vun dësem gelongenen Owend bäigedroen hunn. Mir freeën eis schonn op déi nächst Geleeënheet, fir erëm zesummen ze kommen.