Skip to content

An elo !?…..

An elo !?…..

Vum 03.04.2023 bis den 23.05.2023(wann et dann dobäi bléift) ass d’Route de Mersch a béid Richtunge gespaart.

Gläichzäiteg leeft de Gemenge Chantier, dee fir de Moment nach mat roude Luuchte gereegelt gëtt, weider. Dobäi kennt, dat dee ganze Verkéier iwwert di geféierlech Kräizung um Rouscht muss ëmgleed ginn, wou leider den ominéise Rond-Point scho säit Joren op sech waarde léisst.

Mir hoffen dat Ponts-et-Chaussée mam technesche Service vun der Gemeng Biissen ee Verkéierskonzept fir dës Zäit ausgeschafft huet, anere Fall wäert Biissen ee Verkéierskollaps erliewen, ouni mol vun der Liewensqualitéit ze schwätzen.

Mir als CSV-Biissen wäerten dësen Dossier an de nächsten Deeg am Ae behalen.

#CSVBIISSEN#PRETTFIRDZUFUNFT#PRETTFIRBIISSEN

Beitrag deelen