Gëschter Owend hat d’AG vun der CSV Sektioun Biissen stattfonnt. A Präsenz vun eisem Bezierkspresident Maurice Bauer an eiser Bezierks-Co-Presidentin Martine Gruber hu mir eis Membere begréisst.
Och eise Generalsekretär Alex Donnersbach war bei eis op Besuch an huet e spannenden an informativen Virtrag zu den Opportunitéite vun der Lëtzebuerger Wirtschaft am Kader vun erhéichten Ausgabe fir d’Verteedegung gehalen.
Am Laf vum Owend hu mir och Membere Merci gesot an si fir hir laangjäreg Memberschaft an der CSV geéiert.
Villmools Merci un all déi dobäi waren fir deen flotten an interessanten Owend! 🇱🇺