Skip to content

RTL Geféierlech Kräizung um Rouscht huet Prioritéit

© Domingos Oliveira

Marc Hoscheid|Update: 19.04.2023 08:41

No laangen Diskussiounen sollen elo endlech Neel mat Käpp gemaach an ee Rond-point amenagéiert ginn. Op de Google-Datenzenter waart een iwwerdeems net méi.

Den 22. November 2019 gouf den avant-projet détaillé, fir d’N7 um Rouscht op enger Längt vun 2 Kilometer ze reamenagéieren, vum Mobilitéitsminister François Bausch geneemegt. Zanterhier huet sech awer nach net ganz vill, fir net ze soe guer näischt, gedoen. Dat louch och dorun, datt d’Gespenst vun engem Google-Datenzenter duerch d’Gemeng Biissen gegeeschtert ass. Well net ganz kloer war, wéi d’Versuergungsleitunge vum Datenzenter verlafe sollten, gouf de Rond-point net gebaut, well een d’Strooss spéider net nach eng Kéier oprappe wollt.

Déi Biissener CSV-Sektioun hat Ufank November d’lescht Joer via RTL dowéinst ee Provisorium an d’Spill bruecht, fir déi deels geféierlech Situatioun zäitno ze entschäerfen. De François Bausch hat doropshin op der Télé entgéint, datt seng Servicer d’Méiglechkeet vun engem Provisorium préiwe géingen. Mëtt Mäerz war et dunn d’Annonce vum Premier Xavier Bettel no enger USA-Visitt, datt de Projet zu Biissen keng Prioritéit méi fir Google hätt. Datt hien déi Informatioun aus der Presse gewuer gouf, koum beim Buergermeeschter vu Biissen, dem David Viaggi vun der Biergerlëscht Är Leit, genee wéi d’Diskussioun ëm ee Provisorium, net gutt un.

Den 30. Mäerz haten déi Gemengeresponsabel dowéinst ee Rendez-vous mam Mobilitéitsminister an hunn him d’Drénglechkeet vun enger Entschäerfung vun der Kräizung erkläert. Och wéinst zousätzleche Betriber, déi sech um Rouscht néiergelooss hunn, wier d’Verkéiersopkommes an de leschte Méint nach eng Kéier gewuess. Op Nofro hin huet den David Viaggi erkläert, de François Bausch hätt zougesot, sou séier wéi méiglech aktiv ze ginn. Et wier dann och net méi vun engem Provisorium riets gaangen an et wier och kloer gesot ginn, datt een net méi op Google waarde géing.

Fir déi benéidegt Emprise wieren deels scho virun e puer Joer Kontrakter ënnerschriwwe ginn. Wat déi aner Terrainen ugeet, hätt een an deene nächsten zwou Woche Rendez-vouse fir Kontrakter ofzeschléissen. Wann ee bis all d’Emprise beieneen hätt, kéint een an d’Soumissioun goen. Am Kader vun der Ëmgestaltung vun der N7 sollen op där zwee Kilometer laanger Streck am Ganzen dräi Kreesverkéier gebaut ginn. Een op Héicht vum Creos-Wierk, wou et an d’Industriezone “Am Séif” geet, een op der Kräizung wou et op Biissen a Kruuchte geet a ronn een hallwe Kilometer méi wäit nërdlech een drëtten, deen am Fong ënnert anerem och bei den Datenzenter féiere sollt.

D’Biisser CSV begréisst, datt “elo endlech Neel mat Käpp gemaach”

D’Biisser CSV begréisst, datt “elo endlech Neel mat Käpp gemaach” an de Rond-point méi konkret gëtt. Och begréisse mir, wann direkt den definitive Rondpoint gebaut soll ginn.

Mir erënneren eis un déi lescht Aussoe vum Bauteminister François Bausch:

– Äntwert vum 16. Januar 2018 op eng parlamentaresch Ufro vum Här Deputéierte Marc Lies (CSV):

“Le dossier d’avant-projet sommaire du réaménagement de la voirie étatique (N7/CR115/CR306) dans la ZA « Um Rouscht » (…) est au point d’être finalisé et sera présenté sous peu pour approbation.

Dans la suite, il est prévu de réaliser l’étude du projet en plusieurs lots, dont le premier lot comportera les études détaillées pour l’aménagement d’un rond-point sur l’intersection N7/CR115 à Roost. Ce dossier pourra être réalisé fin 2018.

La présentation du dossier de soumission est actuellement programmée pour 2019 suivie de l’appel d’offres public. La durée des travaux d’aménagement de l’intersection à Roost est à présent estimée à une année.”

– Äntwert vum  26. Juni 2020 op eng parlamentaresch Ufro vum Här Deputéierte Marc Lies (CSV):

“En ce qui concerne la question du calendrier, l’élaboration du dossier de soumission du projet global est actuellement en cours. L’appel d’offres public du projet global du réaménagement de la voirie étatique (N7 /CR115/CR306) se fera après réception de toutes les autorisations et informations techniques requises et après l’acquisition des emprises nécessaires.

À l’heure actuelle, il n’est pas encore possible d’avancer un calendrier de réalisation.”

– Äntwert vum 3. August 2022 op eng parlamentaresch Ufro vum Här Deputéierte Claude Lamberty (DP):

“Éischt Compromise fir de Kaf vun den néidegen Terraine goufe scho vum Finanzministère gemaach an den Dossier wäert deemno ob Basis vun dem adaptéierte Projet weider gefouert ginn. Wat déi vum honorabelen Deputéierte beschriwwe Verspéidung vum Projet ubelaangt, kann nach gesot ginn, dass bis elo nach déi lëschten Detailer zu de Versuergungsleitunge vum geplangte Datenzenter ze kläre sinn. Soulaang dës Informatiounen net virleie kann de Soumissiounsdossier net am Detail ausgeschafft ginn. Doduerch kënnen och keng Datumer fir d’Ausschreiwung vum Dossier an den Ufank vun de Bauaarbechte genannt ginn.”

Beitrag deelen