Gemeng Biissen

D’Gemeng Biissen besteet aus den Uertschafte Biissen a Rouscht. Op Silvester 2016 hat d’Gemeng 3.013 Awunner.

Gesamtfläch 20,75 km2
Gemengebësch 586,93 ha
Wisen a Land am Besëtz vun der Gemeng 34,00 ha
Feldweeër 26,35 km

Politik

Bäi de leschte Gemengewale goufen 9 Gemengeréit nom Majorzsystem gewielt. Zënter deene Walen am Joer 2011 ass de Jos Schummer (CSV) Buergermeeschter. Hie gëtt am Schäfferot ënnerstëtzt duerch den David Viaggi (LSAP) an de Frank Clement (CSV).

Well d’Gemeng Biissen den 31. Dezember 2016 méi wéi 3.000 Awunner hat, gëtt den 8. Oktober 2017 fir déi éischte Kéier nom Proporzsystem gewielt. Den neie Gemengerot wäert 11 Gemengereit zielen.

Lieweg Industriezonen

Grouss Firmae sinn an der Gemeng doheem. Dozou zielen nieft sëlleche Handwierkerbetriber e.a. AMECO, ArcelorMittal Bissen, Creos, Constructions métalliques Franck, Dussmann Lavador a Luxlait.

Am Ablack entsteet um Areal vun der fréierer WirePlant tëschent Biissen a Rouscht den Automotive Campus fir d’Fuerschung am Automobilsecteur.

Kuckeswäertes

An der Gemeng Biissen gëtt et munches ze entdecken.

  • Um Wobierg steet d’Rouchikapell mat hierer Westenfelder-Uergel. Virun der Kapell stinn eng Kräizstatioun an zwee bemierkenswäert Beem.
  • Déi denkmalgeschützt Uergel an der Kierch gouf 1891 vun de Bridder Müller vu Reifferscheid (Eifel) gebaut.
  • Am Chouer vun der Kierch fënnt ee wonnerschei Wandmolereie vum Lëtzebuerger Kenschtler Jean-Pierre Beckius. Dës Biller sinn zënter September 1987 op der Lëscht vun de Monuments classés.
  • Um Biisser Kierfecht fënnt een d´Graf vum Monseigneur Jacques Mangers, fréiere Bëschof von Oslo.
  • Fir d’Produktioun vun de Mëllechprodukter méi no ze brénge gëtt et bäi der Luxlait um Rouscht d’Erliewneswelt Vitarium.
  • Flott Beschweeër ewéi och d’Grillplaz an der Bonert invitéieren op gemittlech Stonnen an der fräier Natur.